Däitsch an Friemsproochen Cours

Sprachschule Aktiv zu Augsburg – Däitsch an Friemsproochen Cours

Sproochecoursen fir Kanner, Erwuessenen an Firmen op allen Niveauen (A1, A2, B1, B2, C1, C2)

YouTube

Mit dem Laden des Videos akzeptieren Sie die Datenschutzerklärung von YouTube.
Mehr erfahren

Video laden

Wann Dir eng Friemsprooch leieren wëllt, sidd der bei der Sprachschule Aktiv zu Augsburg genau richteg. Eis Sproocheschoul offréiert Coursen an iwwer 40 Sproochen un: Dorënner net nëmmen an der heiteger Welt wichteg Sproochen wéi Däitsch, Englesch oder Spuenesch.

Méi a méi Leit schaffen haut am Ausland, reesen an besichen Frënn déi an aneren Länner liewen: Mir kommen Iech entgéint! Bei ons kenn Dir och méi rar Sproochen leieren ewéi z.B. Chinesesch, Arabesch, Schwedesch, Hindi, Ungaresch an vill vill méi.

Niewent allgemengen Sproochecoursen kennt Dir bei eis och speziell Business Englesch Coursen maachen oder Iech op eng DaF Prüfung virbereeden.

Mir wëssen dass den Besuch vun engem Cours net duer geet fir erfollegräich ze sinn. Dofir leeën mer vill Wäert op d’Auswiel vun eisen Léierkräften, virun allem och well Dir vill Zäit mat hinne verbréngen wäert. Bei ons schaffen nëmmen Mammesproochler a Léierpersonal déi eng pädagogesch Ausbildung a Spaass un der Aarbecht hunn. Eist Léierpersonal vermëttelt Iech net nëmmen eng Sprooch, mee och d’Kultur vum Land an deem se Stammdëscher ausserhalb vun der Schoul organiséieren.

Mam Astufungstest deen richtegen Cours fannen

Wann Dir schonn Virkenntnesser an enger Sprooch hutt, ass et heiansdo schwéier festzestellen op wie engem Niveau Dir sidd. Fir dass der Iech trotzdem fir deen richtegen Cours entscheet, offréieren mir Iech een gratis an onverbindlechen Astufungstest. Dat hëlleft eis Iech deen beschten Cours vir Ären Niveau unzebidden. https://www.sprachschule-aktiv.de/augsburg/einstufungstest/

Flexibel Offeren fir Studenten, beruffstäteg Läit, Firmen an Sproochfans

Eis Offer riicht sech no Iech. Dir fannt kee passend Ugebuert? D’Zäit passt Iech net? Dann ruff eis un!! Eist Team wäert Iech iwwert all eis Coursen an Meichlegkeeten informéieren an Iech een optimaalt Ugebuert virleeë.

Folgend een Iwwerbléck iwwert eis Standard Coursen:

Däitsch Intensivcours: Den Cours ass all Dag. Dir kënnt de Cours fir eng, zwou, dräi oder véier Wochen besichen.
Start vum Cours: den éischten Méindeg vum Mount
Datumen: Méindes bis Freides vun 9:00 bis 12:00 Auer
Präisser:

  • 1 Woch: 199 €
  • 2 Wochen: 349 €
  • 3 Wochen: 411 €
  • 4 Wochen: 499 €

Däitsch Semi-Intensivcours/Englesch Semi-Intensivcours: Dir hutt net esou vill Zäit am Moien an wëllt den Cours am Nomëtten besichen? Dann entscheet Iech fir een Semi-Intensivcours.

Start vum Cours: den éischten Méindeg vum Mount
Datumen: Méindes bis Freides vun 9:00 bis 10:30 Auer oder vun 19:00 bis 20:30 Auer
Präisser:

  • 2 Wochen: 179 €
  • 4 Wochen: 279 €

Däitsch Owescours/Englesch Owescours: Dir hutt net esou vill Zäit fir all Dag ze leieren? Dann wielt een Owescours. Mir offréieren Iech zwee Meichlegkeeten: een Owescours deen 6 Wochen dauert (den Cours wär 2x an der Woch) oder een Owescours deen 12 Wochen dauert (den Cours wär 1x an der Woch).

Cours fir Firmen – all Sproochen: Brauch Dir een Cours fir Är Mataarbechter (Eenzel oder Gruppen Cours)? Eist Léierpersonal kennt gären bei Iech an den Büro. Dir kennt zesummen mam Léierpersonal déi beschten Zäit an Cours Materialien auswielen. Rufft eis einfach un!

Präisser vir Firmen Coursen an der Grupp bis zu 8 Persounen:

  • Vun 1 bis 29 Stonnen bezuelt Dir 49 Euro pro Stonn à 45 min.
  • Ab 30 Stonnen bezuelt Dir 45 Euro pro Stonn à 45 min.

Präisser vir Eenzel-/Privat Coursen

  • Bei engem Eenzel/Privat Cours bis zu 19 Stonnen bezuelt Dir fir eng Stonn à 45 min 42 Euro.
  • Wann der zwëschen 20 an 29 Stonnen bucht, bezuelt Dir fir eng Stonn à 45 min 40 Euro.
  • Ab 30 Stonnen bezuelt Dir fir eng Stonn à 45 min 38 Euro.

Besicht eis Websäit www.sprachschule-aktiv.de/augsburg/ fir Iech iwwer eis Offeren ze informéieren.